Energie to go... oder to fly?!

De Steppenlafer, fréier och als Trappen-Kampfwachtel bekannt, ass kuerz virdrun auszestierwen. Just nach 500 bis 1000 Exemplare ginn et vun de Villercher, déi an Australien doheem sinn. Wouhin d'Déiere verschwanne wann d'Wieder changéiert ass bis ewell net gewosst an dofir goufe 15 vun dësen Déierchen elo mat enger Zort Mini-Rucksak mat Solar-Panneauen equipéiert. Domat kënnen d'Fuerscher iwwer Satellit verfollege wou sech d'Villercher ophalen an erausfanne wéi ee se besser schütze kann.