Eng Foto bei där de Pilot wärend dem Fluch um Fliger läit ass wuel net dat schéinste Bild fir Leit mat Fluchangscht...

Egal ob Fluchangscht, oder net, eng subtil Panik wäert sech warscheinlech bei all Passagéier ausbreeden, wann en Airdrop vum Pilot selwer kënnt, an dat wärend dem Fluch. Ma et war net wierklech vum Pilot komm mee vun 2 Passagéier, déi sech e Spaass erlaabt haten.

Déi 2 Männer hunn als éischt de Numm vun hirem Airdrop op "Pilot" geännert, fir dunn all disponibelem Handy am Fliger eng Foto ze schécken. Bei all Handy, deen dës Ufro acceptéiert huet ass dunn kuerz drop eng Foto ugewise ginn, op där de "Pilot" (op alle Fall dee vun der Foto) sech aus der Cockpit-Fënster leent a vu Baussen e Selfie mécht.

Dobäi handelt et sech natierlech ëm en Fake-Motiv, dat scho säit Joren am Internet kurséiert. Falls d'Fënster wärend dem Fluch nämlech wierklech géif opgemaach ginn, da géif e Mënsch sech duerch den Zuch an Drock net laang kéinten am Fliger halen.

Fir déi schwaach Nerven: Am beschten am Fliger einfach keen Airdrop unhuelen, well et weess een ni wat kéint drop sinn an et kann een sech jo schlecht der Situatioun entzéien!