Eng Déiereschutzorganisatioun huet eng ganz besonnesch Fuerderung gestallt...

Aus Léift zum Klima soll elo op physesch Léift verzicht ginn, op alle Fall bei Männer, déi Fleesch iessen. Dës sollen nämlech esou e grousse Klimaofdrock hannerloossen, dass PETA e "Sex-Verbuet" gefuerdert huet. Ausserdeem huet d'Organisatioun all d'Fraen dozou opgeruff Solidaritéit en vue vun der Aktioun ze weisen.

Wa se Sex wéilten hunn, da soll se zukünfteg hire Regimm upassen a Fleesch aus dem Ernärungsplang sträichen. Eng radikal Ännerung, ma den Daniel Cox, Leeder vun der Campagne huet an engem Interview ausgesot "Männer si vill méi schlecht fir d'Ëmwelt wéi d'Fraen", ob dat elo Rechtfäerdegung genuch ass... mir woen et ze bezweifelen.