Fazit: Méi Kebab iessen?

Am Fong hänkt déi ganz Geschicht mat "Waarden" zesummen. Am Juli war eng Koppel an der Vakanz. Wärend seng Fra bei der Touristeninformatioun no enger Auskunft gefrot huet, hat de Fransous sech d'Zäit domat verdriwwen e Lottoschäin ze kafen an auszefëllen. De Lottoschäin huet de 60-Järegen du wéi seng Fra zréck koum a säi Portmonnie gestach.

Bal 2 Méint duerno, erëm zréck a senger Heemecht huet se Fransous sech wollten en Döner kafen. An der Waardeschlaang vum Imbiss huet e säi Portmonnie rausgeholl a sech nees un de Schäin erënnert. Mam Kebab am Grapp ass et also bei déi nächst Plaz gaange wou ee Lottoschäiner kéint rareechen an do huet en du gesot kritt en hätt e Milliounegewënn gemaach. Ausserdeem war dëst den allerleschten Dag op deem e seng Millioune konnt afuerderen, en Dag méi spéit wär de Gewënn verfall gewiescht.

Nodeems e säin Döner intus hat ass e bei seng Fra heem gaange fir hir vu sengem Geld-Döner ze zielen.