Notiz un ee selwer: Net mam Handy am Grapp lafen, et kéint ee widder e Luuchtepotto oder Gepard lafen...

Et sollt just e lëschtegen Ausfluch mat der Klass ginn, ma fir 3 Jongen ass dëse mat vill Panik an engem Blesséierten ausgaangen. D'Klass aus Duisburg ass ufanks der Woch an de Safari-Déierepark zu Bergen gefuer. 3 vun de Schüler waren anscheinend méi mat hirem Handy, wéi mat der Ëmwelt an der Fauna beschäftegt an hunn der Schoul an dem Park no, de Wee fir d'Visiteure net muttwëlleg verlooss. Si hätten einfach net opgepasst a wären esou an de "Käfeg" vun de Geparde komm. Dëst ass kee richtege Käfeg mee en Deel vum Park, dee fir d'Déieren ofgegrenzt gouf. Ofgetrennt gëtt dësen Deel duerch e 6 Meter laangt Gitter um Buedem, dat ënner Stroum steet. Fir Geparden ass et net ze iwwerquéieren. fir Mënschen, déi Schong unhunn, an Autoen ass et awer ongeféierlech an och net ze bemierken. Also ausser un all de Schëlder nieft der Strooss, déi Visiteuren do virdru warnen, dass een hei just mam Auto dierf erafueren an net einfach era spadséiere soll.

Wéi déi Jonk realiséiert hunn, dass se net méi um Fousswee ware mee am Käfeg vun de grousse Kazen, si se a Panik fortgelaf. Ma ganz nom Motto, du muss net méi séier si wéi de Gepard, just méi séier wéi deng Kolleegen, sinn der Zwee dovu komm, ee vun hinnen ass dem Déier net entwëscht. E Gepard huet de 17-Järegen ze pake kritt an en an dem Aarm an an de Kapp gebass.

Visiteuren, déi mam Auto laanscht gefuer sinn hunn d'Situatioun gesinn a getut bis d'Deiere-Fleeger dorop opmierksam gi sinn an de Jong aus der Situatioun gerett hunn. No enger ambulanter Behandlung konnt de Jong nees mat liicht Blessuren entlooss ginn, déi aner Zwee hu keng Verletzungen dovu gedroen.

Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, dass esou eppes am Safari-Park geschitt. Et kéint ee bal mengen, dass d'Geparde guer net mol esou begeeschtert vun de Mënsche sinn, déi se als Attraktioun gesinn.