
© Screenshot Twitter
Safety first...
Wat brauch e Reporter oder eng Reporterin fir iwwert eng Naturkatastroph ze beriichten?
- Eng Reenjackett
- E Mikro
- Gummisstiwwel
- E Kondom
Moment, e Kondom? Jo! Op alle Fall huet d'Reporterin Kyla Galer wärend der Tëlee-Iwwerdroung hire Mikro mat engem Kondom ausgestatt fir dëse virum Hurrikan ze schützen. Op de sozialen Netzwierker ass d'Foto dovu séier ronderëm gaangen an d'User hu fläisseg iwwer d'Aktioun gelaacht an dozou kommentéiert. Ma d'Reporterin vum News-Channel NBC2 huet sech zu geäussert a bestätegt, dass si tatsächlech e Kondom iwwert hire Mikro gezunn huet fir d'Equipment virum Wieder ze schützen. "Mir musse maache wat muss gemaach ginn a wat misst gemaach gi war e Kondom iwwert de Mikro ze stülpen".
Mëttlerweil melle sech och aner Reporter a Leit aus der Event- an Audio-Branche a bestätegen, dass dësen Trick tatsächlech vu villen aus där Branche genotzt gëtt fir d'Technik ze schützen.
Mir freeën eis op alle Fall grad, dass mer aus dem Studio eraus berichten.