Endlech kënnt den zweete Film a fir d'Hardcore-Fans gëtt et souguer nach eng Iwwerraschung

Ganzer 29 Joer hu Fans vum Kultfilm "Hocus Pocus" op eng Fortsetzung misse waarden. Zanter dem 30. September ass d'Geschicht ronderëm d'Hexen-Schwësteren op Disney+ ze gesinn an zum Start dozou huet Airbnb sech och eppes iwwerluecht. Hei kann een elo d'Haus vun de Sanderson-Schwëstere lounen an d'Experienz net just iwwer d'Plattform erliewen.

D'Haus ass allerdéngs net déi richteg Film-Location, et ass just eng Nobildung vum Cottage zu Salem. D'Offer gëlt allerdéngs just fir eng Nuecht den 20. Oktober. D'Hütt befënnt sech an der Stad Danvers am US-Bundesstaat Massachusetts, déi viru Joren "East Salem" genannt gouf. Danvers ass virun allem bekannt vun Hexeprozesser aus dem Joer 1692.

D'Iwwernuechtung ass fir zwou Persounen a kascht ronn 32 Euro. Fir Fans aus Lëtzebuerg kommen do natierlech Käschten dobäi, sollt een et buchen, ëmmerhi muss ee jo iergendwéi dohi kommen. Fir richteg Fans awer villäicht derwäert, ëmmerhi solle vill grujeleg a fantastesch Elementer aus de Filmer am Haus ze fanne sinn. Esou och d'Better vum Mary a Sarah, genee wéi dat alt Zauberbuch oder e Kessel, deen een aus dem Film kennt.

Vum 12. Oktober 19h00 u kann ee sech op der Säit vun Airbnb fir eng Buchung bewerben.