Bis un d'Liewensenn schaffen? Dat schéngt eng Designerin ganz eescht geholl ze hunn...

"The Last Shift Office Chair" hëlt säin Numm ganz seriö an ass perfekt fir Leit, déi sech op der Aarbecht zu Doud langweilen oder schaffe bis se ëmfalen. D'Mark "Chair Box" huet sech dësen Design ausgeduecht, dee ganz am Stil vun engem Sarg ass. Geduecht ass et fir d'Aarbechtskultur vun eiser haiteger Zäit zynesch ze beliichten.

Ob de Chef oder d'Cheffin tatsächlech esou e Look am Büro wëll hunn oder ob een am Home Office an engem Sarg wëll sëtzen, dat ass di aner Fro. Ma et ass mol eng nei Zort vu Stull a wie weess, esou kuerz virun Halloween, villäicht genee dat richtegt fir deen een oder anere Fan vu méi makabere Miwwel.