Pussy-Flavor, an domat ass keen Déier gemengt...

Chips mat Scheed-Goût?! Dat kléngt wéi eng kannereg Schnapsiddi oder wuertwiertlech eng Iddi, déi aus dem Soff eraus entstanen ass. Ma et ass weder dat, nach e Gag fir Jonggesellenabschider mee e Konzept vun enger Snack-Firma mam Numm Chazz. Dës huet d'Chips mam ongewéinleche Goût elo tatsächlech fir Clienten agefouert a wëll eegenen Aussoen no "Millenials mat Sex-Mangel" uspriechen.

Millenials oder och nach "Generation Y" si Leit, déi an de fréien 80er a spéiden 90er gebuer goufen. Ma wéi eng Firma op esou eng Iddi kënnt, dierft wuel méi wéi just d'Millienials interesséieren.

"Nodeems se d'Chips probéiert hunn, wäerte se sech un hir wëllste Libes-Aventuren erënneren, hir éischt richteg Léif a villäicht souguer oral hir Onschold verléieren", esou heescht et an der Reklamm, déi fir de spezielle Snack bedriwwe gëtt.

Inspiréiert gi wär déi litauesch Firma duerch d'Verhale vun de Millenials selwer, esou Chazz. De Grënner no, wäre Millenials, déi verstëbste Generatioun a Punkto Léift a Sex. Si géife léiwer duerch social media scrollen, wéi sech an d'Dating-Liewen ze stierzen. Dat géifen och Etüde behaapten, déi uginn, dass Millenials 3x manner Sex hu wéi hir Elteren an hirem Alter haten. (Wollt iergendeen dat wëssen???!)

Op alle Fall hätte se dann déi Chips produzéiert, dass d'Leit alt wéinstens esou op de Goût kommen.

Bleift nach d'Fro: Wéi produzéiert een eigentlech Chips mat Vagin-Goût? Der Firma no, hu sech Aarbechter a verschiddene Foren um Internet informéiert an eng ganz Rëtsch u Meenungen aus verschiddene Länner analyséiert wéi hirer Meenung no dat weiblecht Geschlechtsorgan soll schmaachen. Nodeems se eng Mëschung aus verschiddene Goûten zesummegefaasst hate goufen dës Notten un EU-Gewierzhiersteller geschéckt an déi aktuell Formule erstallt.

Falls der iech och lo frot: "Wie keeft esou eppes?", anscheinend ass d'Demande guer net esou kléng, ëmmerhi sinn d'Chips (déi just an Europa erhältlech sinn) aktuell ausverkaf. Enn vum Mount sollen awer nei Produiten am Pussy-Flavor op der Maart kommen.