12 Kummere komplett ugemoolt, vum Buedem bis iwwert den Dësch an un d'Maueren.

De brittesche Kënschtler Sam Cox ass bekannt als "Mr. Doodle", iwwersat Här Krozel, an zesumme mat senger Fra lieft en an engem Haus, dat sengem Numm all Éier mécht. Déi 12 Kummere sinn alleguer am Stil vun engem Blat op dat gekrozelt gouf an den Design zitt sech net just iwwer d'Mauere mee och de Buedem an d'Deko. 2 ganz Joer huet de Kënschtler domat verbruecht säi Konschtwierk ze vervollstännegen. Ronn 900 Liter wäiss Farf huet en dofir gebraucht, 401 Spraydouse mat schwaarzer Faarf, 286 weider Dëppe mat schwaarzer Faarf an 2,296 Stëfter.

Den 28-Järegen versprécht dann och nach, dass dëst Haus just den Ufank vu sengen Dreem wär, als Kand wollt en u sech déi ganz Welt bemolen an "doodles" also Krozeleien als dat bekannt ze maache wat se senger Meenung no sinn: Konscht.

De Mr. Doodle, seng Fra an hiren Hond plangen dann elo och an d'Haus wunnen ze goen. Esou kreativ et ausgesäit, freet ee sech do natierlech ob ee sech no enger Zäit net sat gesinn huet vun all de Molereien ronderëm een.