A Schold war d'Visite beim Coiffeur...

Eng Seniorin vu 87 Joer war a Bayern um Heemwee vum Coiffeur-Rendezvous op ee Mol vun der Strooss ofkomm. Also vun der normaler Strooss well kuerz drop huet se sech op der Autobunn befonnt. U sech net schlëmm, wa se da mam Auto ënnerwee gewiescht wär, hire fuerbaren Ënnersaz war allerdéngs en elektresche Rollstull. 2 Autosfuerer*Innen hunn déi minimal méi lues Matfuererin bemierkt, hu se ugehalen an d'Police geruff. Dës huet der Fra dunn erkläert, dass se net mat 6km an der Stonn iwwert d'Autobunn rulle kann.

D'Beamten hunn d'Seniorin heem bruecht. Si hätt eegenen Aussoen nom Coiffeur d'Orientéierung verluer. Op d'Frisur dës Aventure iwwerlieft huet ass net gewosst.