Zu Frankfurt am Main huet ee Mann um Quai vun enger Gare ee Scheck mat engem Betrag a Milliounenhéicht fonnt.

Méi genee war et ee Scheck mat engem Betrag vun iwwer 4 Milliounen Euro vun enger Supermarchés-Chaîne un d'Entreprise Haribo.

Sou éierlech wéi de Mann war, huet hien de Scheck un dee geschéckt deen e kréie sollt. Och an der Hoffnung villäicht eppes dofir ze kréien. Haribo huet sech doropshi bedankt, mee net wierklech sou wéi den 38 Joer ale Mann sech dat erhofft hatt. Hie gouf nämlech just mat Séissegkeete belount - Sue goufen et keng...