Fir déi eng lecker, fir déi aner éischter näischt...

An den USA huet eng Fra no der Gebuert vun hirem Jong decidéiert, d'Plazenta an hir Smoothien ze mëschen. Dat nodeems si héieren huet, dass dat géint postpartal Depressiounen an Angscht-Zoustänn hëllefe soll. D'Plazenta ass een Organ, datt sech wärend der Schwangerschaft an der Gebärmutterschleimhaut festsetzt.

Der Fra no hätt dat hier d'Liewe verännert an hir no der Gebuert vun hirem Kand gehollef, nees op d'Been ze kommen. De Smoothie aus ënnert anerem Jus, gefruere Friichten, Jughurt an eben der Plazenta hätt dobäi och nach esou gutt geschmaacht, dass hire Mann en och gedronk huet...