....an dofir gëtt et am Netz ee rise Shitstorm.

Ee Bréif vun Elteren huet viru kuerzem am Netz fir ee Shitstorm gesuergt. Déi concernéiert Eltere wollten nämlech net, dass hiert Kand un enger sou genannter Schnitzeljuegd deelhëlt, an hunn hir Decisioun domadder begrënnt, dass si vegan liewen.

Den Eltere war wuel net bewosst, dass eng sou genannte Schnitzeljuegd näischt mat Fleesch ze dinn huet. "Mäi Kand dierf net un der Schnitzeljuegd vun der Crèche deelhuelen, mir si Veganer", huet et am Bréif geheescht. Een Twitter-User huet dat gepost an d'Community huet doriwwer geschmunzelt. Eng Schnitzeljuegd ass jo ee beléift Spill bei deem et drëms geet, ee Schatz ze fannen. E puer Notzer hunn et mat Humor geholl a geschriwwen: "Ass mir Wurscht". Well d'Elteren net richteg wosste wat eng Schnitzeljuegd ass, konnt d'Kand um Enn leider net drun deelhuelen.