Wann den Drang d'Fuesent ze feiere méi grouss wéi alles anescht ass...

An Däitschland huet sech ee 26 Joer ale Prisonéier bei enger Sortie aus dem Stëbs gemaach. An dat net fir ganz vun der Bildfläch ze verschwannen - nee, fir den Optakt vun der Fuesent ze féieren!

Wéi d'Police vu Siegen schreift, wollt de Prisonéier nach eemol uerdentlech feieren. Deemno huet hien den 11.11 d'Fuesent gefeiert an huet sech dunn awer e puer Deeg méi spéit fräiwëlleg bei der Police nees gemellt.

De jonke Mann gouf u sech zu 2 Joer Prisong wéinst diversen Drogendelikter verurteelt.