Mol kuerz um Bord vum Weltraum Cocktails ze schlürfen, dat gëtt geschwë Realitéit. Elo hëlt déi éischt Weltraum-Bar déi éischt Reservéierungen op.

Wien op Rooftop-Bars steet, deem wäert warscheinlech d'Space Lounge vum Raumschëff "Neptune" gefalen. An enger klimatiséierter Drockkapsel, déi vun engem héichmoderne SpaceBalloon ugedriwwe gëtt, kënnen 8 Persounen zwou Stonne laang sécher um Bord vum Weltraum schwiewen an dobäi Cocktails schlürfen. Ugebuede gëtt dëst Erliefnis vu "Space Perspective".

Iert d'Passagéier am Kennedy Space Center a Florida empfaange ginn, kréien si nach eng Féierung a kréie Sécherheetsuweisunge fir de Fluch. Et dauert eng 2 Stonne bis een an der Bar ukënnt, an nees 2 Stonne bis een nees sécher op der Äerd lant.

Kommerziell Flich sollen 2024 ufänken. Bis ewell goufe 600 Tickete verkaf. Well d'Plazen am éischte Joer komplett reservéiert sinn, hëlt d'Entreprise de Moment Reservéierunge fir 2025 op. D'Tickete sinn awer och net ëmsoss...déi kaschten ëmmerhin 125.000 Dollar pro Persoun.