Wann s de zwee mol op der selwechter Plaz bei Google Streetview bass an dat net gewollt war. Dat ass dem Leanne Cartwright geschitt.

Op Google Streetview ass déi selwecht Fra zweemol op der selwechter Plaz ze gesinn - tëscht den Opname leien allerdéngs 9 Joer.

Op den zwou Fotoen hält d'Fra all Kéiers eng Posch an der rietser Hand, si huet just aner Kleeder un: d'Leanne Cartwright steet 2009 an 2018 un enger Kräizung op der selwechter Plaz um Trottoir.

Déi 41 Joer al Fra hëlt et mat Humor: "D'Leit wäerten denken, si wier eng Fra déi Zäitreese mécht", esou d'Leanne géintiwwer der brittescher "Sun".

Op der éischter Foto war si zu Cardiff um Wee fir op d'Aarbecht an op der zweeter Opnam war si grad an der Mëttespaus. Opgefall ass dat Ganzt, well hire Mann am Internet no der éischter Foto gesicht huet, an dunn di zweet Foto fonnt huet.