Ee Fuerufänger wollt virun enger Kontroll flüchten...hie gouf awer séier ageholl well hie relativ lues ënnerwee war.

Amplaz bei enger Police-Kontroll stoen ze bleiwen, ass een Automobilist am däitsche Westerwald einfach laanscht Kontroll gefuer. Hien ass allerdéngs relativ lues gewiescht, de Fuerufänger um Steier wosst wuel net, wéiee vum éischte Gang an ee méi héije Gang schalt. Entspriechend kuerz war dann och d'Flucht virun der Police. D'Polizisten hunn hien nämlech séier ageholl an zur Ried gestallt. Um Enn huet sech erausgestallt, dass den 18 Joer ale Chauffer ouni Führerschäi gefuer ass, an dass hien den Elteren hiren Auto geholl huet ouni hinne Bescheed ze soen...