Mat 600 neigebuerene Schof ginn et elo iwwer 1.000 Déieren zu Bleichstetten.

Am däitschen Duerf Bleichstetten liewen aktuell méi Schof wéi Mënschen. Viru kuerzem goufen nämlech 600 nei Schof gebuer. Am Ganzen ginn et zu Bleichstetten elo iwwer 1.000 Déieren. Wat d'Unzuel vun de Mënschen ugeet déi hei liewen, do läit dës bei 754 Awunner. D'Leit am Duerf huelen dat Ganzt awer mat Humor.