
© Pixabay
...sou geschitt d'läscht Woch um New Yorker Fluchhafen JFK!
Ee Mann wëll an d'Vakanz fléien a gëtt wéi et sech gehéiert seng Wallis um New Yorker Fluchhafen JFK of. A wéi mer all wëssen, ginn d'Wallissen ëmmer fir d'éischt duerchgeröntgt iert se an de Fliger kommen - net dass sech eppes doranner befënnt wat do näischt ze sichen huet.
Beim Röntgen vun der Wallis vum concernéierte Mann huet d'Sécherheetspersonal awer net schlecht gestaunt. A senger Wallis gouf nämlech eng Kaz fonnt. Wéi sech erausgestallt huet, wollt d'Kaz säi Meeschter wuel mat an d'Vakanz begleeden, an huet sech ouni dem Mann säi Wëssen an d'Wallis geschlach. Leider huet d'Kaz awer um Enn missten Doheem bleiwen.