D'Landgeriicht München huet decidéiert, dass "Gollum" eng Beleidegung ass.

Eng Biergerbeweegung hat ee Wëssenschaftler op engem Flyer als "Gollum" bezeechent an ass dofir viru Geriicht gelant. Eng Persoun no der Tolkin-Figur ze vernennen, wier een Agrëff an dat allgemengt Perséinlechkeetsrecht, esou d'Landgeriicht München. De Fall konnt och net als Satir ugesi ginn, well et gouf kee Mëssstand ugeprangert oder ee Widdersproch tëschent Usproch a Realitéit opgedeckt.

Et ass schonn e mol zu esou engem Fall komm. Nämlech hat een tierkeschen Dokter den tierkesche President Erdogan als "Gollum" bezeechent. Den Dokter hat doropshin seng Plaz verluer a gouf souguer fir eng kuerz Zäit festgeholl.

De Gollum ass eng Figur aus de Fantasyromaner "The Hobbit" an "The Lord of the Rings" vum J. R. R. Tolkin. Eigentlech war de Gollum mol een Hobbit, deen sech awer duerch d'Muecht vum Rank zu engem manner positive Wiesen entwéckelt huet. Säin Ausgesinn a seng Charakterzich si gréisstendeels negativ konnotéiert.