Déi jonk Fra wollt eng Verännerung, um Enn war et net sou dat wat si eigentlech wollt, si hëllt et awer mat Humor.

De Wonsch no Verännerung a punkto Frisur ass fir eng Fra an Neiséiland no hanne lassgaangen. Amplaz mat engem stylesche Pony, huet d'Anna McElvin de Salon vum Coiffer als Frodo Beutlin aus "Herr der Ringe" verlooss.

Wann hir Hoer elo naass sinn, gesäit si nämlech aus wéi den Elija Woods aus der Serie "Herr der Ringe". Op TikTok huet déi 25 Joer jonk Fra gewisen wéi dat Ganzt ausgesäit, an de Video ass viral gaangen.