Wann ee mol anescht vun A op B wëll kommen, da sollt ee folgendes mol am finnesche Lappland versichen.

Wann s du Mëtt Dezember zoufälleg am finnesche Lappland soll s sinn, an dir Folgendes geschitt, da wonner dech net: Well hei gëtt et elo weltwäit den éischten On-Demand-Rendéier-Service. Hei gëtt een net vun engem klasseschen Taxi wéi mir et kennen ofgeholl, nee et gëtt ee vun engem Rendéier duerch d'Géigend kutschéiert, een Taxi-Service also mol anescht.