
© Unsplash
D'Police kann een a ville verschiddene Fäll uruffen, och wann et ëm eng Decke geet, sou huet sech dat ee klenge Jong an Däitschland geduecht.
Am däitsche Karlsruhe huet ee 6 Joer ale Bouf d'Police geruff, well him eppes geklaut ginn ass. Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, huet de Jong erzielt dass hie seng Kuscheldecke vermësst. Och d'Poliziste konnten d'Liblingsdecke vum Jong net fannen. D'Elteren hunn du versprach eng nei Decken ze kafen, an du war den Asaz och schonn eriwwer.