Zu Amsterdam huet ee Polizist ee presuméierten Abriecher verfollegt, dee mat engem Sprong an ee Kanal flüchte wollt.

Wéi eng Police-Patrull ee Verdächtegen no engem Abrochversuch kontrolléiere wollt, ass dëse fir d'éischt mat engem Auto geflücht. Ënnerwee ass den 32 Joer ale Verdächtegen stoe bliwwen an ass an ee Kanal gesprongen fir der Police esou ze entkommen. Ee vun de Polizisten huet beim Waasser ee Surfbriet gesinn, ass kuerzerhand och an d'Waasser gesprongen an huet de Verdächtegen domadder verfollegt an ass iwwert de Kanal gesurft. De presuméierte Verbriecher konnt zwar aus dem Waasser flüchten, gouf awer kuerz drop vun der Police festgeholl. A sengem Auto goufen duerno d'Saache fonnt déi hien an engem Haus geklaut huet.