Eigentlech vergëtt d'Autoritéit keng Lizenz fir Eenharen...

Méi ongewéinlech Post kruten d'Mataarbechter vun der US-Opsiichtsautoritéit Animal Care and Control. Si këmmeren sech ëm d'Fleeg fir Déieren an d'Kontroll vun den Déieren zu Los Angeles.

Konkret huet der Autoritéit ee klengt Meedche mam Numm Madeline ee Bréif geschriwwen. An deem Bréif freet d'Kand no enger Lizenz fir een Eenhar, dat hatt dann a sengem Gaart géif halen, falls hatt een Eenhar sollt fannen.

D'US-Autoritéit war esou begeeschtert vum Meedche sengem Flichtbewosstsinn, dass se de Bréif op Social Media gepost huet. "Et wier ëmmer nees schéi vu jonke Mënschen ze héieren, déi sech mat den Ufuerderunge vun engem schéinen Doheem fir Déieren auserneesetzen", esou heescht et.

Och wann et schwéier wier een Eenhar ze fannen, hunn d'Beamten dem klenge Meedchen nach eng Lëscht mat Tipps geschéckt. Doranner steet op wat een oppasse sollt, wann een Doheem am Gaart een Eenhar huet. Sou muss d'Déier zum Beispill genuch Sonneliicht a Reebou'en ofkréien, et misst op d'mannst eemol de Mount mat engem duussen Duch poléiert ginn, an et misst genuch Glitzer ofkréien, awer Glitzer ouni gëfteg Substanzen dran a Glitzer dee biologesch ofbaubar ass. D'Eenhar misst ausserdeem op d'mannst eemol d'Woch eng Waassermeloun z'iesse kréien.
An: Bis d'Madeline een Eenhar fonnt huet, dierf hatt mat engem wierdegen Ersatz kuschelen, d'Mataarbechter vun der US-Autoritéit hunn him nämlech ee wäiss-mofen Eenhar Petzi mat enger Lizenz geschenkt.