Zu Aschaffenburg an Däitschland gëtt et elo een Headbanging Cours.

De Gerard Wolf ass ee richtege Metal-Fan, deen a sengem Liewe schonn op iwwer 1.000 Concerte war. Elo wëll hien der Musekswelt eppes zeréckginn, an dofir bitt hir gratis Danz-Coursen un. Dësen Danz-Cours heescht "Hair Force one" a soll déi éischt Headbanging-Schoul vun der Welt ginn.

Géintiwwer däitsche Medie sot de Gerard dass een ëmmer nees Frae mee och Männer géif gesinn déi dat Falsch géinge maachen. Dat géif da relativ komesch ausgesinn. D'Course fänken am Fréijoer un. E puer Course si souguer well ausverkaf...