Penibeles aus der Kategorie Iwwersetzungsfail...

D'Mikaela Shiffrin gehéiert zu den erfollegräichste Fraen am Schi-Sport. No hirem 84. Weltcup-Gewënn huet si net just de Rekord vum US-Star Lindsey Vonn iwwertraff mee wollt och nach déi aktuell Opmierksamkeet, déi et duerch hir sportlech Erfolleger kritt huet op en anert Thema lenken: D'Menstruatioun. Dat mat der Opmierksamkeet hat zwar geklappt, ma ganz anescht wéi geplangt.

An engem Interview mat éisträichesche Sender ORF hat d'Shiffrin ganz oppen doriwwer geschwat, dass hiren Training beanträchtegt wär well se aktuell u Péng wéinst der Reegel géif leiden. D'Wierder, déi d'US-Amerikanerin benotzt huet waren:

"I'm kind of in an unfortunate time of my monthly cycle"

Iwwersat also, dass si grad an enger onglécklecher Zäit vun hirem Mount-Zyklus wär. D'Moderatorin vum Sender schéngt dat verstanen ze hunn an huet mat Matgefill reagéiert, de männleche Spriecher Peter Brunner konnt de Lien absolut net maachen an hat "cycle" du kuerzerhand mat "cycling", also Vëlo-Fueren, gläich gestallt. An esou huet hien den Nolauschterer op däitsch iwwersat:

"Ich komm nicht mal zum Radfahren was ich immer mach jeden Monat"

E Malheur, dee vill Leit un d'Laache bruecht huet, awer iergendwéi och beweist, dass do nach eng gewësse Sensibilitéit zu deem Thema feelt. Ëmmerhi war genee dëst dem Shiffrin säin Uleies. Am weideren Interview ass et drop agaangen, dass si hir Péng a Punkto Menstruatioun gäre ganz oppen uschwätzt fir d'Thema ze enttabuiséieren.