A wat hudd dir doheem sou léien?

Am Peru huet d'Police bei engem Mann eng Mumie an enger Killtäsch fonnt, mat där fréier Iessen ausgeliwwert gouf.

De Mann deen antëscht vun der Police festgeholl gouf sot, säi Papp hätt d'Mumie virun 30 Joer mat heem bruecht. Zënterhier géif hien des bei sech doheem hunn.

Fir de 26-Järege wier d'Mumie fir hien seng spirituell Frëndin an hie géif sech ëm se këmmeren. Si géif och a sengem Zëmmer schlofen. Hien huet se "Juanita" gedeeft. Ma dem Kulturministère no géif et sech bei der Mumie ëm een erwuessene Mann vun op mannst 45 Joer handelen.

Den Autoritéiten no soll d'Mumie tëscht 600 an 800 Joer al sinn.