Do hat wuel een décken Duuscht...

A Spuenien huet eng Koppel eng Visitt duerch de Wäikeller vun engem luxuriéisen Hotelsrestaurant gemaach. Duerno hunn déi Zwee de Rezeptionist, deen dee Moment eleng do geschafft huet, ofgelenkt.

Wärend hien der Koppel an der Kichen eppes z'iesse gemaach huet, hunn si eng Partie Wäifläschen an hiert Hotelszëmmer bruecht. Am Ganze waren et 45 Wäiner am Wäert vun 1,6 Milliounen Euro.

Dofir gouf d'Koppel elo zu 4 an een halleft Joer Prisong verurteelt, ausserdeem mussen si eng Geldstrof u ronn 750.000 Euro bezuelen.