
© pexels.com
Mhhh lecker...
Bastelfans (mat staarkem Mo) opgepasst: A Japan war ee Mann kreativ an huet aus senge Fangerneel ee Verlobungsrank gemaach.
Iwwert 1 Joer laang huet hie seng Fangerneel gesammelt, an dorausser huet hien duerno ee Rank gemaach. De Video vun deem ganze Prozess huet hien op Youtube eropgelueden.
A soe mer mol sou: net jiddereen ass dovunner begeeschtert, déi eng sinn ugeekelt, déi aner fannen et kreativ.
Ma wéi entsteet esou ee "spezielle" Rank?
Hei ee klenge Resumé vun deem ganze Konschtwierk: Fir d'éischt huet hie seng Neel mat engem Kichegerät kleng zerhackt, fir se an ee Polver ze verwandelen an huet dëst an engem Dëppe mat Waasser vermëscht. Duerno huet hien déi hallef-flësseg Substanz zesummegepresst an déi iwwerschësseg Flëssegkeet erausgedréckt, an de Recht fir 90 Minutten bei 150 Grad an d'Mikrowell gestallt.
Wat nom Erhëtzen erauskomm ass, ass ee schwaarzt, lehm-aartegt Material an der Form vun engem Steen. Mat enger Neelfeil an engem Neelpuffer huet hien de Steen geglätt, an huet et dunn sou wéi een Diamant geformt.
Hei kënnt dir de ganze Prozess kucken: