
© pexels.com
Eng Fra an Däitschland kennt d'Zuelen hannert dem Komma vun der Pi-Zuel besonneg gutt.
D'Pi-Zuel hunn déi meescht vun eis an der Schoul geléiert, an di meescht Leit wëssen dass d'Pi-Zuel 3,14 ass. Hannert dem Komma kommen awer net nëmmen Zuelen 1 a 4 mee ganz vill aner Zuelen. Dës wëssen déi meescht Leit awer net.
Ma an Däitschland gëtt et eng Fra, déi weess dës Zuelen hannert dem Komma besonnesch gutt. D'Susanne Hippauf huet een neien däitsche Rekord opgestallt.
Si huet an 2 Stonnen an 42 Minutte 15.637 Pi Zuelen opgesot also d'Zuelen déi no 3,... kommen. Si wosst déi sans faute auswenneg.
An déi meescht hu scho Schwieregkeeten sech de PIN vum Handy oder der Kreditkaart ze mierken...