A wéi géif dir iech nennen, wann et offiziell erlaabt wier?

Fir d'éischt war et ee Witz. Ma well et an der Coronazäit méi gënschteg war säin Numm änneren ze loossen, huet ee Mann a Groussbritannien et duerchgezunn: fir ëmgerechent 20 Euro huet den Deano Wilson sech ëmbenenne gelooss, elo heescht de Mann offiziell Fire Exit an net méi Deano Wilson.

Ma wisou wollt de Mann iwwerhaapt säin Numm ännere loossen? Als Grond nennt de Mann dass hien onbedéngt weltwäit berüümt wollt ginn, esou de Mann géintiwwer der New York Post.