
© pexels.com
A wat huet hie wäertvolles um Späicher léien?
Zu Soest an Däitschland huet eng Fra beim Raume vun hirem Späicher ee Karton mat Knache fonnt. Fir d'éischt huet si dës Këscht bei d'Poubelle gestallt, duerno huet si awer entscheet d'Knachen an d'Archäologie-Abteilung vun der Stad ze bréngen.
An do ass festgestallt ginn dass d'Knachen op d'mannst 15.000 Joer al sinn!Si géife vu Mammuten, Nashörner a Bisons'e stamen.
D'Knachen solle geschwënn an engem Musée ausgestallt ginn.
De Papp vun der Fra hat d'Knachen an den 80er Joren beim Baggere fonnt.