
© pexels.com
Anscheinend hunn sech zwee Jonker den Auto vun enger Fra e puer mol "ausgeléint" an ëmmer nei getankt zeréckbruecht...
Am däitsche Pirmasens hunn zwee Jugendlecher am Alter tëscht 16 a 17 Joer den Auto vun enger Fra fir e puer Stonnen "ausgeléint" an hunn den Auto duerno nees virun hir Dier geparkt. Ëmmerhin hunn déi Zwee fir hire klengen Autostour bezuelt. Si sollen den Auto getankt hunn, iert si dësen nees op seng Parkplaz zeréckgestallt hunn.
Der 35 Joer aler Besëtzerin vum Auto ass dat just opgefall, well déi zwee Jonker perséinlech Géigestänn am Auto léie gelooss hunn. Ënnert anerem ee Fussball, Desinfektiounsmëttel an eng eidel Këscht Zigaretten. Si huet de Virfall bei der Police gemellt an erzielt, dass hiren Auto vun Onbekannte gefuer an nees geparkt ginn ass. Allerdéngs feelt hir den Autosschlëssel, deen hat si warscheinlech am Auto léie gelooss.
Ma et gëtt awer nach méi kuriéis well déi Nuecht drop huet nees een den Auto geholl an ass domadder ronderëm gefuer. Och dat huet d'Fra der Police gemellt. Si hätt wuel gesinn, dass hiren Auto vun zwee Männer geparkt ginn ass.
D'Beamten hunn doropshin zwee Jugendlecher kontrolléiert an hu bei hinnen och den Autosschlëssel fonnt. Si hätten deemno zouginn, dass si sech den Auto am Ganze 4 mol "ausgeléint" hätten. Allebéid hunn iwwregens nach kee Führerschäin...