Eng Uni a Groussbritannien bitt elo fir di éischte Kéier eng Ausbildung un, fir ze léieren, wéi Sex-Zeene richteg gefilmt ginn.

Vu September un bitt déi brittesch University of East Anglia eng zwee Joer al Ausbildung zum sou genannten "Intimitéits-Coordinator" un. Dat ass awer keng Ëmschreiwung fir Beruffer am sou genannten "Rotlicht-Milieu", mee een zënter Jore gefrote Job an der Filmbranche.

Ee Coordinateur suergt dofir, dass sech Schauspiller bei Sex-Zeene korrekt verhalen a sécher fillen a vun de Film-Teams mat Respekt behandelt ginn. Besonnesch Frae solle viru méiglechen Iwwergrëff an onangeneeme Situatioune geschützt ginn, wéi z.B., dass Geschlechtsdeeler géint hire Wëlle gefilmt ginn oder si sech beim Virschwätzen ausdoe mussen.

De Studium kascht iwwregens ronn 200.000 Euro pro Joer an Absolvente kréien ee Master-Ofschloss.