An dat ouni Paus.

Ee Papp a China huet säin 11 Joer ale Bouf nuets um 1h30 beim Zocken um Handy erwëscht. Amplaz hien direkt an d'Bett ze schécken, huet hien de Bouf gezwonge weider ze spillen. An dat non-stop 17 Stonne laang, ouni Paus.

Géint hallwer 7 owes duerft de Jong dann ophalen a schlofe goen. Hien huet deemno misse sou laang spille bis him schlecht ginn ass. An engem Bréif huet de Bouf versprach dat ni méi ze maachen.

De Papp huet de Jong souguer fir dës Strof bei der Schoul fir deen Dag ofgemellt.
Wéi et heescht, hätt hie keen aneren Auswee fonnt.