
© Eldoradio
Op Facebook huet ee Supermarché an Däitschland een Opruff gemaach. An dësem Opruff gëtt no Caddie gesicht.
Zu Homberg an Däitschland sinn an engem Supermarché zënter Dezember 2020 eng 80 Caddie verschwonnen. De Chef vum Supermarché freet elo per Facebook Opruff no Hëllef.
Am Gespréich mat däitsche Medien sot hien, dass hien dovunner ausgeet dass een d'Caddye klaut fir d'Metall duerno ze verkafen. E puer Akafsween ginn awer och an der Stad stoe gelooss.
Ee Caddie kascht am Akaf iwwregens ëm déi 200 Euro.