
© pixabay
Zwee Automobiliste ware besonneg opmierksam, vläicht och e bëssen ze vill...
Zu Ulm an Däitschland huet eng Automobilistin d'Police ugeruff well si d'Gefill hat, si géing vun engem Automobilist hannert hier verfollegt ginn. Wärenddeem d'Fra mat der Police am Auto telefonéiert huet, huet gläichzäiteg ee Mann bei der Police ugeruff, an huet een Auto gemellt dee ganz verdächteg fuere géing a versiche géing ze flüchten. Dee Mann deen do ugeruff hat, war de Chauffer am Auto hannert der Fra déi och d'Police ugeruff huet.
D'Police huet dunn déi zwee Autoe gestoppt. Béid Chaufferen hunn sech géigesäiteg beschëllegt.
Well déi Zwee weder alkoholiséiert nach anescht opfälleg waren, konnt d'Police hinnen och kee Feelverhale virgeheien. Si konnten du weider fueren.