
© PHILIPP VON DITFURTH DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Lo stell dir vir du hänks ee Bild an een Hotel, an et mierkt kee et? Esou geschitt zu Hamburg.
Am November 2022 huet de Robbie Williams an engem Hotel zu Hamburg iwwernuecht. Ouni engem Bescheed ze soen, huet hien ee selwer kreéiert Bild am Hotel opgehaangen. Wéi hien an engem Insta-Video erzielt, hätt hien op sengem iPad déi einfachst abstrakte Konscht gezeechent, déi een zeechne kann. Enn Januar 2023 houng dat Bild nach ëmmer op der Wand vum Hotel op där de Robbie d'Bild selwer opgehaangen huet.
Ënnert dem Bild steet iwwregens folgende Saz: "Hoteller hänken all Mëscht op an nennen dat Konscht". Dem Sänger huet et Spaass gemaach an hien huet annoncéiert dat wëllen an Zukunft méi dacks ze maachen.