
© pexels.com
Zu Springfield an den USA huet d'Police een Auto gestoppt, dee vill ze séier ënnerwee war.
De Chauffer huet doropshin d'Plaz mat sengem Bäifuerer getosch. De Bäifuerer war een Hond. Duerno ass hien aus dem Auto geklommen an huet der Police erzielt, dass hie guer net gefuer ass.
Wéi d'Police hie gefrot huet, ob hien Alkohol gedronk huet, ass de Mann fortgelaf. No 20 Meter konnten d'Beamten hien awer well pëtzen.
Et huet sech dunn erausgestallt, dass de Chauffer vun der Police gesicht gouf. De Mann gouf matgeholl an den Hond konnt no enger Verwarnung goen.