
© pexels.com
Mat Hëllef vun engem Zonk, wollt ee verhënneren dass Honnerte vun Touristen an d'Stad reese fir Selfies ze maachen.
Zu Hallstatt an Éisträich gëtt et ee beléifte Séi, deen all Joers Millioune vun Touristen op d'Aussichtsplattform unzitt fir vun do aus Fotoe ze maachen. Déi knapp 900 Awunner vun der Stad fillen sech dovunner awer gestéiert.
Dofir huet de Buergermeeschter een Zonk aus Holz baue gelooss, déi Touristen dovunner ofschrecke soll, Fotoen respektiv Selfien ze maachen. Déi sou genannten Holzwand verspäert quasi d'Vu op d'Bierger fir Selfien ze maachen.
No knapp 1 Woch gouf den Zonk awer nees ofgeriicht. Amplaz gouf ee Schëld dohinner gehaangen. Dëst soll dorunner erënneren, dass do Mënsche wunnen.