Esou ee Pappendag kann awer och richteg ustrengend sinn...

Op Christi Himmelfaart, op deem Dag an Däitschland och Pappendag ass, huet eng Fra zu Alsbach bei Darmstadt verdächteg Männer op enger Landstrooss gesinn. Si huet doropshin d'Police geruff. Hire Verdacht war, dass Klima-Aktivisten sech op der Strooss festpeche wéilten.

Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, hunn d'Beamte festgestallt, dass et Pappe waren, déi um Pappendag ze vill gefeiert haten. Si haten sech kuerz op d'Strooss gesat fir ze raschten, fir duerno direkt virun ze trëppelen. Si si mat enger Verwarnung dovu komm.