Een Auto zu Erfurt stoung fir eng länger Zäit mat beschloene Fënsterscheiwen matzen op der Strooss.

Wéi d'Police nokucke wollt wat do lass war, huet si eng Koppel beim Sex erwëscht. Allebéid hunn erkläert, dass si et net méi bis heem ausgehalen huet. A well d'Luucht ëmmer rout ugewisen huet, sinn si dovunner ausgaangen dass se futti ass. Déi laang Rout-Phas vun der Luucht war der Police no awer dorobber zeréck ze féieren, dass de Chauffer ze wäit no vir gefuer war, a sou net vun der  Luucht erfaasst gouf. D'Koppel krut ee Protokoll.