Guinness World Records huet eng nei Glace gekréint! Fir méi wéi 6.000€ kritt een déi elo deierste Glace vun der Welt.

Cellato ass eng japanesch Glacëmark. Zenter Mee ass et net méi just iergend eng Mark, mee déi Mark déi déi deiersteGlace vun der Welt ubitt. D'Erfrëschung kascht tatsächlech 6.200€ d'Portioun. D'Glacëvariant mam Numm Byakuya ass virun allem wéinst den Zutaten esou deier.

Et fënnt een hei zum Beispill eedel wäiss Alba-Trüffen aus Norditalien, fir deen e schonn eleng pro Kilo 14.000€ bezilt. Do donieft gëtt och Parmigiano Reggiano a Sake-Hief benotzt. Ofgeronnt gëtt Glace mat enger Garnitur aus Blatgold.

D'Entwécklung vun der Glace huet iwwregens 1,5 Joer gedauert an et wollt een italieenesch an japanesch Zutatenzesumme bréngen. Dofir gouf esouguer de japanesche Starkach Tadayoshi Yamada beoptraagt dee fir seng fantasievoll Fusiounskiche bekannt ginn ass.