Faul sinn ass eng Saach, mee dat hei geet wierklech ze wäit.

De Wee bis op d’Aarbecht ka mol méi schwéier sinn. Am Fall vun enger Koppel aus China war de Wee wuel einfach ze laang. Fir sech hire Wee ze verkierzen a méi séier op d’Aarbecht ze kommen, hu si einfach e Bagger geholl an ee Lach an déi weltberüümt chineesech Mauer gebuddelt. Den 38 Joer ale Mann an déi 55 Joer al Fra hate wuel net a Betruecht geholl, datt déi chineesesch Mauer Deel vum Unesco-Kulturierwe wier. Ënner anerem heescht et, datt deen Deel, deen déi zwou Persoune futti gemaach hätten, net méi ze flécke wier. Aus deem Grond musse si elo mat Konsequenze rechnen. Wéi genau déi ausgesinn ass net bekannt, wat awer sécher ass, ass datt si vun der Police festgeholl goufen.