
© Unsplash
An dësem Fall hätt d'Verkeeferin wuel besser gehat, einfach ze liwweren. Elo huet si nämlech nach méi Verloscht gemaach.
Nëmme 700€ fir eng Designercouch kléngt no engem richtege Schnäppchen. Dat huet sech och ee Mann geduecht, deen dës Couch op engem Online-Verkafsportal gesinn huet an nach direkt den Dag selwer bezuelt huet. D’Verkeeferin wollt d’Couch awer net liwweren, mee dem Keefer seng 700€ zréckginn. Dat aus engem einfache Grond: Si hätt sech am Präis vertippt gehat. Eigentlech hätt d’Couch solle 7.000€ kaschten am Plaz vun nëmme 700€.
No laangem Hin an Hir huet de Keefer schlussendlech en Ultimatum gestallt: Entweder hie kritt d’Couch geliwwert oder d’Verkeeferin misst Schuedensersaz bezuelen. Sou ass dat Ganzt viru Geriicht komm. Dat huet an dësem Fall dem Keefer Recht ginn, well enger Persoun d’Liwwerung mat Ausrieden ze verweigeren dierft een net.
Elo muss d’Verkeeferin dem Mann am Ganze 6.300€ zréckbezuelen, also d’Differenz vum tatsächleche Verkafspräis an deem, wat de Mann bezuelt huet.