
© Pexels.com
Déi meescht Leit benotzen de Fliger, fir iwwert den Atlantik ze fléien. Dat hei ass dann awer eng méi ongewéinlech Aart a Weis, ze reesen.
E Mann aus Florida huet sech eng Aart Boot gebaut a wollt domat vun den USA an England kommen. Déi zoustänneg Autoritéiten vun der Küst hunn de Mann mat sengem selwer gebaute Gefier ronn 110 Kilometer virun der Küst entdeckt, wéi si sech op en Hurrikan virbereede wollten.
De Mann hätt behaapt, hie wéilt mat engem sougenannten Hdyro-Pod an England fueren. Well den Hdyro-Pod awer net fir esou eng geféierlech Rees gemaach ass, gouf hien opgefuerdert, säi Boot ze verloossen. Dat wollt de Mann awer net maachen an huet si mat engem Messer bedrot a gedreet, sech an d’Loft ze sprengen.
Réischt no dräi Deeg konnt de Mann vum Boot geholl ginn. Géint de Mann gouf dann och eng Plainte gemaach. Et wier och net déi éischte Kéier, datt hie probéiert hätt op ongewéinlech Aart a Weis a Séi ze stiechen.