Déi meescht wiere vläischt frou gewiecht iwwert e pelzege Sëtznoper.

Op engem Fluch, deen 13 Stonnen dauert hofft een natierlech e frëndleche Sëtznoper ze hunn. Iwwert een Hond hätten déi meescht sech wuel gefreet. Eng Koppel aus Neiséiland war do awer anerer Meenung. Si hu sech nämlech iwwert den Hond beschwéiert. Dësen hätt dem Mann seng Box voll gesuddelt, dobäi och nach gefuerzt an einfach ze haart geotemt.

Duerch dëse Misär hu si dann extra d’Plaz gewiesselt. Vun de Premium-Economy-Sëtzer ass et an d’Economy-Klass gaangen. Elo verlaangt d’Koppel awer d’Sue vum Fluchticket erëm, well si am Virfeld net iwwert den Hond informéiert gi wieren. Vun der Fluchgesellschaft krut d'Koppel bis ewell e Bong vu jeeweils 110€ als Entschiedegung ugebueden. Dat geet hinnen awer net duer a si géife weiderhin op de volle Remboursement pochen.