D’Awunner vum Duerf hunn hei wuel nëmme rout gesinn...

Wäin sollt u sech genësserlech gedronk ginn. Datt deen awer duerch d’Stroosse vun engem Duerf fléisst, ass éischter ongewéinlech. Genau dat ass awer an engem klengen Duerf a Portugal geschitt. Hei sinn nämlech 2 grouss Tanks voll mat roudem Wäin geplatzt. Ganzer 2,2 Liter roude Wäin sinn hei duerch d’Stroosse gefloss. Ënner anerem gouf och e Keller iwwerschwemmt.

Wéi wann dat Ganzt net schonn eng grouss genuch Wäiverschwendung gewiescht wier, war de ganze Wäin och nach kuerz virdrun e Floss ze verschmotzen. Fir dat ze verhënneren, hunn d’Pompjeeën op der Plaz e provisoreschen Damm gebaut, deen de Wäin op e Feld ofgeleet huet. Wéi héich d’Käschte fir de Schuet ausfalen ass net bekannt, déif wäerte se awer op alle Fall net sinn.